Begleedhondprüfung

 

 

 

          Eisen Club bitt all Joer en Stage un, wou di intresséiert Leit de Gehorsam vun hirem Hond kennen perfektionnéiren,

          um Enn fun desem Stage kennen d’Kandidaten sech enger Prüfung ennerzéihen, der Begleithundprüfung (BH).

          D’Begleithundprüfung besteht aus drei Modulen,der theoretischer Prüfung an dem Gehorsam- an Wesenstest,

          desen an 2 Deeler (A a B)

 

Theoretesch Prüfung :

Den Kandidat beäntwert Froen iwert d’allgemengt Hondswiesen.

 

Gehorsam- an Wesenstest, Deel A :

          Den Deel A fennt um Terrain fum Hondsclub statt.

        Als éischt gin dem Hond säin Chip a seng Tatowéiernummer kontrolléiert,

        durno geet den Hundeführer mat sengem Hond durch eng Grupp Leit.

        Anschliessend geht den Hundeführer mat sengem Hond e bestemmten Parcours no Schema mat folgenden Exercicer :

        bei Fouss goen mat an ouni Léngt, durch eng Grupp fu Leit goen, Sitz aus der Bewegung,

        Platz aus der Bewegung mat Zréckruffen,  Platz enner Oflenkung (während en 2. Hond séng Exercicer mecht)

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Gehorsam- a Wesenstest, Deel B :

     Desen Deel fennt op öffentlecher Plaaz statt.

     Den Hundeführer geet mat sengem Hond, iwert en Trottoir, sie gin gekräizt fun engem Jogger 

     an iwerholl fun engem Velosfuehrer, den Hond geet heibäi un labberer Léngt, heen därf weder zéihen nach träntelen.

     Bei engem 2. Test gett den Hond un engem Poteau ugestréckt, durno geet den Hundeführer sech verstoppen

     sou dass säin Hond en net méi gesäit. Eng 2. Persoun geet mat hirem Hond an engem bestemmten Oofstand lanscht deen

     ugestreckten Hond, desen därf weder un der Léngt zéihen nach därf en Agressivitéit weisen gegniwer dem 2. Hond.

     Während der ganzer Prüfung därf den Hond weder Agressivitéit nach Angscht weisen.

     D’Begleithundprüfung ass International unerkannt, sie gett fun engem Gebrauchsriichter fun der CLSCU (FCL-FCI) geriicht.

     Wann d’Prüfung bestaan ass, gett dem Hond en offiziellen brevet fun der CLSCU ausgestallt.

     D’Begleithundprüfung ass obligatoresch fir all Hond deen am Hondssport schafft.

 

 

 

 

 

 

VIDEO

MELISSA & EXTRA

 

 PIERRE & ENZO

        

CHRISTINE & BLADE  

 

JOS & FARO

 

 

Begleedhondprüfung CLSCU

 

 
 

HomeComité Terrain IPO  Hondsschoul Link Photo Guestbook

 

© by www.workingdogs.lu